Loulou
De Maskottchen
De Loulou war dem Alex säi klenge Schutzengel. Heen ass den 8. Januar 2024 mat 17 Joer verstuerwen an war d‘Inspiratioun fir vir d‘éischt House of Dogs, dann Chez Loulou an och SOS Deuil Animal ze grënnen.
De Loulou war e Border Collie Mix, deen iwwert d‘S.P.a vum Alex adoptéiert ginn ass, wéi heen zwee Joer al war.
De Loulou war onheemlech intelligent an aussergewéinlech sensibel.
Jiddereen, deen hee kannt huet, erënnert sech un seng Frëndlechkeet, seng Loyalitéit an seng Liewensfreed, déi immens ustiechend war.
Ëmmer um Alex senger Säit, hat de Loulou e Liewe mat villen Aventuren, Reesen
a Begéinungen an elo rascht heen am Fridden an eisen Häerzer.

Alex
D‘GERANTE
D‘Alex ass am Süde vu Frankräich opgewuess a war do amgaangen seng Etuden ze maachen, wéi
hatt decidéiert huet eng Karriär an der Welt vun de Päerd ze starten. Sou konnt
hat vu senger Leidenschaft liewe, mam Loulou a senger Mier Poppy u senger Säit.
Nodeems hat wärend 15 Joer all d‘Facettë vun der Päerdsbranche kenne geléiert huet an a verschiddenen Länner geschafft a gelieft huet, huet d’Alex sech ëmorientéiert
an eng Dagesbetreiung vir Hënn zu Lëtzebuerg opgemaacht.
Sou ass House of Dogs entstanen, wat
dono Chez Loulou ginn ass.
Och als Hommage un de Loulou, huet d’Alex sech dozou entschloss eng ASBL ze grënnen, déi Läit ënnerstëtzt,
déi mat der Trauer vum Doud vun
hirem Déier kämpfe mussen.
Schlussendlech, ass d’Alex dofir
zoustänneg, dass Chez Loulou all Dag reiwungslos funktionéiert. Hatt këmmert sech ëm all Hond, wéi wann et säin eegene wär.

Nadja
D‘ASSISTENTIN
Am Joer 2021 ass d’Nadja mat sengem Hond Hazel déi éischte Kéier bei Chez Loulou komm, deen doropshin den éischte reguläre Client vun der Dagesbetreiung gouf. Elo këmmert d'Nadja sech ëm den Telefon vu Chez Loulou a mécht de Planning.
D'Nadja kommunizéiert léiwer op Lëtzebuergesch, Franséisch a Däitsch, kann Iech awer och mat senge Basis-Kenntnisser op Englesch äntweren.
D'Nadja ersetzt och d‘Alex bei der Dagesbetreiung, wann hatt eng Kéier fort muss.
Vue dass d’Nadja vun Ufank u präsent war, kennt hat net nëmmen de Fonctionnement vu Chez Loulou mee och all d'Hënn.
Mat senger waarmhäerzeger a frouer Perséinlechkeet ass d'Nadja eise klenge Sonnestral.

Juliette
D‘STAGIAIRE
D’Juliette ass am Joer 2024 bei Chez Loulou komm an huet huet säin éischte Stage mat Bravour ofgeschloss.
Seng frëndlech Aart a Weis, seng
villsäiteg Talenter a seng Léift fir Hënn hunn direkt jidderee begeeschtert.
Mir si frou hatt bei eis ze hunn an u sengem beruffleche Werdegang deelhuelen ze kennen.
D'Juliette këmmert sech ënner anerem ëm d’Videoen an d'Fotoe vun den Hënn, hat beaarbecht eis TikTok-Videoen, designt fir eise Shop an hëlleft dem Alex bei der Dagesbetreiung.