Wéchentlech Betreiung
Fir Hënn déi mindestens eemol pro Woch an d‘Dagesbetreiung kommen.
• Dagesbetreiung vir Hënn bei Chez Loulou vu Méindes bis Freides.
• Vun 7h00 bis 19h00. Arrivée an Depart sinn zu all Moment tëschent 7h00 a 19h00 méiglech.
• 2 Spadséiergäng pro Dag mat abegraff.
• Keng Käfeger, d‘Hënn kennen sech de ganzen Dag fräi am Haus an am Gaart beweegen a selwer entscheeden, ob se spillen oder raschte wëllen.
• Permanent Surveillance.
• Deeglech Fotoen um TikTok-Account vu Chezloulou (Méindes bis Freides vu 7:00 bis 19:00 Auer).
•Garantéiert Platz(en) an der Dagesbetreiung all Woch.
Flexibel Dagesbetreiung
Fir Hënn déi een bis dräimol am Mount an d‘Dagesbetreiung kommen.
• Dagesbetreiung vir Hënn bei Chez Loulou vu Méindes bis Freides.
• Vun 7h00 bis 19h00. Arrivée an Depart sinn zu all Moment tëschent 7h00 a 19h00 méiglech.
• 2 Spadséiergäng pro Dag mat abegraff.
• Keng Käfeger, d‘Hënn kennen sech de ganzen Dag fräi am Haus an am Gaart beweegen a selwer entscheeden, ob se spillen oder raschte wëllen.
• Permanent Surveillance.
• Deeglech Fotoen um TikTok-Account vu Chezloulou (Méindes bis Freides vu 7:00 bis 19:00 Auer).
• Joresforfait vu September bis August (inclus) vir mindestens 1 Dag pro Mount.
• Reservatioun vun der Dagesbetreiung am Viraus oder no Besoin, jee no Disponibilitéit.
Pensioun
Service reservéiert fir Clientë vun der wéchentlecher an der flexibeler DagesBetreiung.
• Hondspensioun Chez Loulou 7 Deeg an der Woch
• Vun 7h00 bis 19h00. Arrivée an Depart sinn zu all Moment tëschent 7h00 a 19h00 méiglech.
• 2 Spadséiergäng
pro Dag mat abegraff.
• Keng Käfeger, d‘Hënn kennen sech de ganzen Dag fräi am Haus an am Gaart beweegen a selwer entscheeden, ob se spillen oder raschte wëllen.
• Permanent Surveillance.
• Deeglech Fotoen um TikTok-Account vu Chezloulou (Méindes bis Freides vu 7:00 bis 19:00 Auer).
Tarif & Konditiounen
Wéchentlech Dagesbetreiung XS |
Flexibel Dagesbetreiung XS |
Pensioun XS |
TARIF PRO DAG | FACTURATIOUN | BEZUELUNGMETTEL | RESERVATIOUN | ANNULATIOUN | |
---|---|---|---|---|---|
Wéchentlech Dagesbetreiung | 50€ | ALL MOUNT | VIREMENT | RESERVÉIERT PLATZ(EN) | GRATIS VAKANZ |
Flexibel Dagesbetreiung | 50€ | JÄRLECH | VIREMENT/ONLINE KAFEN | FALLS DISPONIBEL | GRATIS |
Pensioun | 75€ | MAT DEVIS | VIREMENT | SOUBAL BEZUELT ASS | GRATIS 30 DEEG VIRDRUN |
* All Präisser sinn inklusiv TVA.
-
Sécherheet
D'Sécherheet vun Ärem Hond ass eis Prioritéit, mir maachen alles vir déi ze garantéieren.
-
Wuelbefannen
Mir maachen alles wat mir kënnen, fir datt all Hond sech wuel fillt bei Chez Loulou, onofhängeg vum Alter, der Gréisst, der Rass oder dem Charakter.
-
Hygiène
Mir huelen all déi néideg Hygiènes-Moossname fir d'Gesondheet vu jidderengem an d‘Propretéit
sur Place ze garantéieren. -
Limitéiert Unzuel vun Hënn
Mir huele maximal 8 Hënn pro Dag un (mat e puer Ausnamen) fir all Hond déi
Opmierksamkeet kennen ze ginn, déi hie brauch.
MEET THE GANG
Loulou
Hazel
Julien
Mila
Spritz
Yoda
Oli
JB
Nora
Sandy
Cleo
Aïko
Darwin
Hector
Loki
Monty
Shana
Itchi
Luba
Toby
Louna
Jamie
Higgs
Tessy
Giotto
Willow
Max
Luna
Elsie
Arthur
Huguette
Mushu
Aura
Fiona
Chewy
FAQ
Garderie & Pension
Kënne mir d'Raimlechkeete besichen?
Kënne mir d'Raimlechkeete besichen?
Jo, nodeems Dir Iech op eiser Waardelëscht ugemellt hutt, kontaktéiere mir Iech soubal eng Plaz fräi ass fir e Rendez-vous mat Iech an Ärem Hond auszemaachen.
Visitte si reservéiert fir Hënn, déi op eiser Waardelëscht sinn an déi all eis Konditiounen erfëllen. Mir kënnen Iech net ophuelen, wann zum Beispill Ären Hond nach net géint den Zwingerhusten
geimpft ass.
Wat sinn déi eenzel Schrëtt fir mäin Hond unzemellen?
Wat sinn déi eenzel Schrëtt fir mäin Hond unzemellen?
Wann Ären Hond all äis Konditiounen erfëllt, kënnt Dir en op eis Waardelëscht setzen.
Soubal eng Plaz fräi ass, kontaktéiere mir Iech fir en éischte Rendez-vous mat Iech
an Ärem Hond ze organiséieren. Sou hutt Dir d‘Méiglechkeet Iech d'Raimlechkeeten unzekucken a mir gesinn ob Ären Hond sech an de Grupp an an eisen Alldag integréiere kann.
Wann d'Visitt positiv ofgelaf ass, organiséiere mir dann en éischte Proufdag an der Dagesbetreiung. Dir kritt och all d'Dokumenter bei der Visitt, bréngt eis
déi w.e.g. virum éischten Dag ausgefellt erem mat.
Wann desen Proufdag gutt leeft, gëtt d'Umeldung vun Ärem Hond offiziell bestätegt.
Wéi eng Zort Fudder kënne mir matbréngen?
Wéi eng Zort Fudder kënne mir matbréngen?
Mir bieden Iech d‘Fudder vun Ärem Hond matzebréngen, fir Problemer vun enger Ernierungsëmstellung ze evitéieren.
Eng Ausnam gëtt et awer, mir akzeptéiere KENG Iesswuere mat Päerdsfleesch. Mir bieden Iech eise Choix ze respektéieren an dës Zort Fudder net an eist Doheem ze bréngen.
Soss akzeptéiere mir Krocketten, Naassfudder an all aner Liewensmëttel, egal ob se scho gekacht sinn oder nach gekacht musse ginn, oder op se am Frigo oder am Tifküler gehale musse ginn.
Kënne mir Spillsaachen, Decken oder e Bett matbréngen?
Kënne mir Spillsaachen, Decken oder e Bett matbréngen?
Jo, all perséinlech Saachen si wëllkomm. Bedenkt awer, datt mir keng Dagesbetreiung a Pensioun mat Käfeger sinn, aner Hënn hunn also och Zougang zu dëse Saachen.
Och wa mir bis elo nach keng esou Problemer haten, wëlle mir Iech trotzdeem warnen, dass dës Saache beschiedegt kenne ginn oder si Spannungen am Grupp verursaache kennen.
An dëse Fäll ginn d‘Saachen ewechgeholl.
Bleift eisen Hond eleng wärend dem Dag oder der Nuecht?
Bleift eisen Hond eleng wärend dem Dag oder der Nuecht?
Ären Hond ass 24 Stonnen den Dag bei eis.
Mir kënnen ausnamsweis vir maximal eng bis zwou Stonnen am Dag fortgoe vir zum Beispill op e Rendez-vous ze goen oder eng Kommissioun ze maachen. An dësem Fall bleiwen d'Hënn zesummen doheem mat enger Musek oder engem Film. Eis Kameraen, déi am Haus installéiert sinn, erméiglechen et eis op Distanz sécherzegoen, dass alles gutt leeft, wa mir fort sinn.
Wéi gesäit een typeschen Dag aus?
Wéi gesäit een typeschen Dag aus?
Fir d‘Hënn aus der Pensioun fänkt den Dag ëm 6:00 Auer un: Si ginn entweder eraus an de Gaart oder am Summer op e Spadséiergang.
Géint 7:00 Auer kommen déi éischt Hënn vun der Dagesbetreiung, jidderee seet jidderengem Moien, déi eng Hënn ginn zréck an d’Bett, déi aner ginn an de Gaart spillen.
Um 9:00 Auer, wann all d'Hënn ukomm sinn, gi mir spadséieren.
Géint 10:00 Auer gëtt et déi éischt Molzecht, d'Hënn iessen een nom aneren a getrennt vun eneen.
Am Summer iessen si am Gaart am Wanter an der Stuff, sou dass jidderee roueg an
a sengem Tempo iesse kann.
Nom Iessen a bis 14:00 Auer ass et méi roueg, d'Hënn schlofen ofhängeg vun der Saison an hire Preferenzen dobannen oder dobausse.
Géint 15:00 Auer gi mir erëm alleguer spadséieren.
Tëscht 16:00 Auer an 19:00 Auer ginn d’Hënn vun der Dagesbetreiung erëm heem. Déi Hënn, déi bleiwen, notzen d’Geleeënheet fir ze spillen, ze kuschelen, gekämmt ze ginn oder ze raschten.
Um 19:00 Auer mécht d‘Dagesbetreiung zou a mir gi mat den Hënn vun der Pensioun eng lescht Kéier spadséieren.
Géint 20:00 Auer gëtt zu Owend giess. Nom Iesse kënnen d'Hënn nach bis ongeféier 22:00 Auer an de Gaart goen, wann se wëllen.
Dann ass et Zäit fir schlofen ze goen, d'Hënn sichen sech e Bett um Rez-de-Chaussée eraus an d'Luuchte si bis den nächsten Dag um 6:00 Auer aus.
An der Nuecht si mir um éischte Stack, mir sinn also ëmmer prett fir am Fall vun engem Problem ze intervenéieren.